Skip to contentSkip to footer
Freunde des alten Handwerks

Freunde des alten Handwerks
Freunde des alten Handwerks

Umellen

Handwierkertreffen am Februar mat Som- a Planzebourse

16th March 2026

Freunde des alten Handwerks

Bei eisem leschten Handwierkertreffen am Februar ass et nees ganz lieweg zougaangen. Nieft verschiddene handwierklechen Aktivitéiten hat dës Kéier och eng kleng Som- a Planzebourse stattfonnt, wou vill Setzlingen, Som a Gaardenerfarunge matenee gedeelt an ausgetosch goufen. D’Bourse huet vill spannend Gespréicher iwwer Gäert, al Planzenzorten an nohaltegt Uplanzen ugereegt.

Gläichzäiteg gouf natierlech och fläisseg geschafft: Et gouf geflecht, gebitzt, gesponnen an u verschiddene Projete weidergeschafft. Ganz am Geescht vum gemeinsamen Handwierk!

Allt nees e schéine Samschden, wou Handwierk, Wëssensvermëttlung a Freed un der Gaardenaarbecht zesumme komm sinn.