Skip to contentSkip to footer
Freunde des alten Handwerks

Freunde des alten Handwerks
Freunde des alten Handwerks

Umellen

Handwierkertreffen am November a Workshop "Winterapotheke"

15th December 2025

Freunde des alten Handwerks

De 29. November stoung nees ganz am Zeeche vum alen Handwierk: Beim leschten Handwierkertreffen vun de Freunde des alten Handwerks zu Elleng am Centre Culturel Martialis gouf geflecht, gesponnen, geréiert a vill gelaacht. Tëscht Weede, Woll a Wantergerécher ass gewise ginn, datt al Handwierkstechniken nach richteg lieweg a fir den Alldag immens nëtzlech sinn.
Dat huet och de Workshop „Winterapotheke“ vum Viola Turco bewisen. Mat Fichtennolen, Ueleg, Beiewuess an aneren natierlechen Ingredienten si Sallwen, Sprays a kleng Wonnermëttel fir déi kal Joereszäit entstanen. Vill fläisseg Hänn, e grousse Know-how an nach méi Virwëtz un Neiem hunn de Sall erfëllt.
E schéinen Dag, dee gewisen huet: Handwierk verbënnt och an der kaler Wanterzäit.